Chef and kitchen worker

Chef de groupe (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 % in Luxembourg

آجر
Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf E.U.P.
مقام
Luxembourg
جگہیں
1
درج شدہ
2026-09-03

کام میں کیا شامل ہے

Chef de groupe (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 % D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op. Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben: • Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp. • Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team. • Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen. • Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung. • Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen. • Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen. • Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen. Wat eis ënnerscheet: Mir investéieren an Är Entwécklung • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...). • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen. • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse. • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung. Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung • Strukturéiert Qualitéitsmanagement. • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung. • Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden. E professionellen a strukturéierte Kader • Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team. • Reegelméisseg Supervisiounen. • Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher. • Kloer Strukturen a professionell Begleedung. Eng Missioun mat Wierkung • Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen. • Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie. • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen. Äre Profil Diplomer a fachlech Kompetenzen • Dir sidd am Besëtz vun engem unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpöadagogik den Educateur gradué's Diplom oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass. • Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Jugendlëche oder am edukative Beräich ass e Virdeel. • Dir kennt dat soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen. • Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen. • Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner, Jugendlëch a Familljen optrieden. Perséinlech Kompetenzen • Dir hutt Leedungs a Féierungskompetenzen. • Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst. • Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Jugendlëchen, Elteren a Fachleit opbauen. • Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team. • Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen. • Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen. • Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen Zousätzlech Ufuerderungen • Führerschäin

درخواست کیسے دیں

اوپر درج آجر کے پاس براہ راست درخواست دیں۔ Workuro کوئی ایجنسی نہیں ہے، کوئی فیس نہیں لیتی اور اس بھرتی میں شامل نہیں ہے۔

اصل جاب آرڈر کھولیں

ذریعہ: EURES, the European Commission's job mobility portal۔

اس وقت یہ بھی دستیاب ہیں

اسی رجسٹر میں درج chef and kitchen worker کے دیگر مواقع۔

Luxembourg میں chef and kitchen worker کے تمام مواقع

آجر اس رجسٹر میں آپ جیسے لوگوں کو تلاش کرتے ہیں

ایک مفت پروفائل بنانے میں دو منٹ لگتے ہیں۔ Europe کے آجر کام اور ملک کے لحاظ سے تلاش کرتے ہیں اور آپ سے براہ راست رابطہ کرتے ہیں۔

آپ کیا کام کرتے ہیں؟
کوئی بھی پیشہ۔ کوئی بھی ملک۔
PDF یا تصویر۔ ہم اسے پڑھ لیتے ہیں تاکہ آپ کو ٹائپ نہ کرنا پڑے۔

کیا آپ یورپ کی نظروں میں آنے کے لیے تیار ہیں؟

تقریباً 2 منٹ میں اپنا پروفائل بنائیں۔ بالکل مفت، کریڈٹ کارڈ کی ضرورت نہیں۔ آپ خود منتخب کریں کہ کون آپ سے رابطہ کرے۔

اپنا پروفائل بنائیں